Biografie 

Tëschegas gouf 2009 no enger zimlech fiichter Soirée, jo et huet gereent wi aus Eemeren, gegrënnt. D’Grondiddi wuar vun Ufank un mat lëtzeboieschen Texter ze schaffen. A wëll et schonns e ganzen Koup Bands ginn, déi hier Texter mat akustescher Musék ënnerleeën, hu mär eis entschloss et nom Thierry Van Werveke senger Rezeptur ze maachen: „Loosst et hummren, loosst et kraachen. Fräi sinn heescht Kaméidi maachen.“ An dofir spille mär Metal!

 

  Textlech geet et mat enger Dosis Witz an (Eegen-)Ironie ëm Alldeegleches, a well mir „fäin Drecksäck aus dem Minett“ sinn, (fir et mam „Läb“ ze soen) awer och ëm de Minett an d’Stohlindustrie. Kuerz gesot, dat wou dran eis Bope fréier geschafft hunn, dat spille mär haut...Schwéire „Minetter Metal“!

 

 Am Fréijoer 2012 goufen d‘Opnahme fir den éischten Album „Industrielle Läichendéngscht“ ofgeschloss, deensäit de 5. Oktober 2012 déi musikalesch Welt zu Lëtzebuerg begléckt huet.

 

 Den zweeten Album "Et wuar net keen...mol" koum den 21. Mäerz 2015 op de Muaart an dréint sech zum Gréisstendeels em Märchenwelt. Dat sinn natierlech virun allem Iwwerleeungen iwwert eis heite Welt mat deem neideschen Witz an Ironie, et geet ënnert anerem em eng "Fussball Legend", "e Prënz deen sech blanne Jang nennt", " de Jong mat der Vespa", de Wollef feelt och net an natierlech gëtt och der Nationalfigur Melusina en musikalescht Denkmal gesat…

 

Den Orchester

Laurent (Gebrumms)

Rachel (Geschrupps)

David (Gehummers)

Krescht (Geschrupps)

Pol (Gebläerts)

Hub (Genervs)     

 

Former members: Jék (Geschrupps 2009-2015)