top of page

BIO

D’Grondiddi vun Tëschegas wuar vun Ufank un mat lëtzebuergeschen Texter ze schaffen. A wëll et schonns e ganze Koup Bands ginn, déi hier Texter mat akustescher Musek ënnerleeën, hu mär eis entschloss Metal ze spillen. Besser gesot Minetter Metal. Textlech geet et mat enger Dosis Witz an (Eegen-)Ironie ëm Alldeegleches, Alldagssituatiounen an d'Irrungen a Wirrungen aus der Lëtzebuerger Aktualitéit.

 

Den éischten Album „Industrielle Läichendéngscht“ koum de 5. Oktober 2012 eraus. Den Schwéierpunkt wuar dMinette a an d'Stolindustrie. Den zweeten Album „Et wuar net keen…mol" koum den den 21 Mäerz 2015 op de Muaart a war zum Gréisstendeels ob d'Märchewelt fokusséiert. Déi huet als Metapher missten hierhale fir Iwwerleeungen iwwert eis haiteg Welt mat deem neidesche Witz an Ironie ze beschreiwen.Den 11. Mee 2019 ass - pénktlech zum 10. Gebuertsdag vun Tëschegas - mat „Stad, Land, Goss" den drëtten Album eraus. D'Lidder beschäftegen sech ënnert anerem mat seriöen Themen wéi Nationbranding, mat der vernetzter Welt, mam  Goss deen d'Welt regéiert, mä natierlech gëtt et och eppes ze Laachen. Ufank 2022 ass mam Lidd "Never Fight Alone!" eng Hymne (ob Lëtzebuergesch) fir de Boxclub Esch erauskommen als Single mat Video.

Tëschegas

Gegrënnt: 2009
Genre: #MinetterMetal

Pol Montalto - Gesang

Krëscht Morang - Gittar

Rachel Mancinelli - Gittar

Laurent Mancinelli - Bass

David Spitoni - Drums

Hubert Morang - Keys

Calendar

Concerte

2024
18.05.2024 Hell Keller zu Welleschten 

Déi Vergaangen:

2023
15.04.2023    Pétange is Metal mat Abstract Rapture, Atomic Rocket Seeders, Blanket Hill, Desdemonia, Kraton, Praetor a Scarlet Anger 
2022
17.12.2022    Moofest an der Rockhal zesumme mat Moof, Weakonstruction, T-The Boss an Heavy Petrol 
17.09.2022    Cueva Metzeschmelz zesumme mat Petrograd
2021-2020
-
2019    
14.12.2019    am Hangout zu Housen
28.09.2019    30 Joer Noiseworks an der Kulturfabrik zu Esch
11.05.2019    Releaseshow „Stad, Land, Goss“ zesumme mat Lost In Pain a Freshdax am Café Nicola zu Fenneng

2018
22.06.2018     Virowend vun Nationalféierdag an der Stad
14.07.2018    Rotten Stones Festival zu Berdorf an der Breechkaul

2017
11.02.2017    Listen to Haiti an der Rockhal
01.07.2017    20 Joer „Gladbacher Fohlen“ an der Waldschoul zu Esch
16.09.2017    Nordic Rock zu Véianen an der Larei

2016
16.01.2016    „Metal in the kettle“ zu Käerch mat Shadowhispers an Thousand Lakes
04.06.2016    „Rock un der Atert“ zu Réiden 
11.06.2016    ShadowsNight II am Neiduerf mat ShadoWhispers, Disliked an Sleepers Guilt
22.06.2016    Rock dem Heng säin Gebuertsdag an der Stad 
17.09.2016    Back to the roots zu Déifferdeng 

2015
21.03.2015    Teschegas CD Release Party zu Diddeleng am Café Big Ben mat Ghost Vortex
14.05.2015    „Suessem hëlleft“ zu Suessem um Schlassfest
16.05.2015    „Op_Positioun“ zu Esch
20.06.2015    Fête de la Musique Dudelange
12.09.2015    Funky Donkey Festival zu Klierf 
10.10.2015    zu Wickréng beim Hollänner zesumme mat Spack-o-Mat 
05.12.2015    an der Staat am All In mat Corona Dark 

2014
29.05.2014    „Suessem hëlleft“ zesummen mat Moof, Go by Brooks an KantriKlapp

2013
14.06.2013    op der „Fête de la musique“ zu Déifferdeng
11.05.2013    zu Schëffleng um „Rock de Mäertesbierg“
10.05.2013    zu Waaserbëlleg am Kader vum Spatzefest
09.02.2013    Café „ALL IN“ zu Hollerech maat MOOF

2012
16.11.2012    um Wanterfeeling 2012 zu Suessem
08.07.2012    um Rock um Knuedler op der Clairefontainesplaz
21.06.2012    op der „Fête de la musique“ zu Esch/Uelzecht (Mainstage)
15.06.2012    op der „Fête de la musique“ zu Nidderaanwen
21.05.2012    unplugged am H2o zu Déifferdeng am Kader vum „Lundi Littéraire“
30.04.2012    „Lëtz Fetz“ zu Bartreng
21.04.2012    um Ofschloss vum Télévie zu Schëtter
03.03.2012    „20 Joër Moof“ an der Kulturfabrik mat Moof, Serge Tonnar a Legotrip a Gang

2011
9.11.2011    um 2.„Vun Hippches op Hapches“ zu Déifferdeng mat Benny and the bugs,de Läb, Säitesprong, Serge Tonnar a Legotrip…
02.07.2011    um „Rock d‘Schlass“ zu Bierg mat Elephant Ghost,Funky P, Heavy Petrol and the Greyhounds, Metakilla an vintage Gigolos…
21.06.2011    op der „Faites de la musique“ zu Esch/Uelzecht (Mainstage)
27.05.2011    um „Nopeschfest“ zu Suessem
15.11.2011    unplugged am Kader vun „Gemeng Suessem hëlleft“ um Schéierhaff

2010
30.10.2010    um 1. „Vun Hippches op Hapches“ zu Déifferdeng mat Dëppegéisser,Säitesprong, Spack-o-Mat, Plakeg oder ugedoen…
15.08.2010    um „Hengescht on fire“ zu Hengescht
21.06.2010    op der „Faites de la musique“ zu Esch/Uelzecht

KONTAKT

Tëschegas

c/o Hubert Morang

Mail: teschegas@pt.lu

Contact
bottom of page